Jean Fischbach am Podcast

De 5. Mee huet eise Mataarbechter Jean Fischbach am Podcast vun 1000Deeg e flotte Bäitrag geleescht, an iwwer d’Papperoll geschwat. Eise Merci gëllt dem Maxi Pesch, fir dëse gelongenen Interview!

„Entdeckt mat eis d’Erausfuerderunge fir d’Pappen haut: Oft fille sech Männer wéi tëscht zwee Still. Si strengen sech un, fir op der Aarbecht an doheem erfollegräich ze sinn, awer d’Erwaardungen op béide Säite kënnen iwwerwältegend sinn. Lauschtert, wéi de Psycholog Jean Fischbach eis dëst komplext Thema mat konkrete Beispiller erkläert.“

Hei kënnt Dir dëse wäertvolle Podcast läuschteren,

Apple Podcast

Spotify

Hien as bei eis de Responsabel fir de Cours „Anders Vater sein“ an ass och bei de Gebuetsvierbereedungscoursen mat derbai.

Zurück