D’Initiativ Liewensufank sicht e (eng) Matarbechter(in) fir hiren Service FabyPLUS

  • Hu Dir Interesse un der Begleedung vu Famillje mat Puppelcher a Kanner bis 3 Joer („Assistance psychique, sociale et éducative en famille“) ?
  • Hu Dir e Bachelor am pädagogeschen oder soziale Beräich?
  • Hu Dir e Führerschäin an en eegenen Auto zu ärer Verfügung ?
  • Schwätzt Dir déi 3 üblech Sproochen hei am Land (lëtz., däitsch, fran.) ? All zousätzlech Sprooch ass vu Virdeel.
  • Si Dir dynamesch, kompetent, empathesch ?
  • Kënn Dir souwuel an enger Equipe schaffe wéi och autonom sinn ?
  • Si dir flexibel a gutt organiséiert ?

Wat mir Iech bidden :

  • E CDI (20 -30 Stonne pro Woch), ab dem 1.2.2025
  • Kollektivvertrag SAS, Karriär am Grad C6
  • Eng interessant an ofwiesslungsräich Arbecht am Beräich vun der « Aide à l’enfance et à la famille » (ONE)
  • Aarbechtsplatz:  Zentrum a Norde vum Land

Si Dir interesséiert ?

Dann schéckt w.e.g. är Bewerbung mat Lettre de motivation, CV an Diplomer per Mail un : rh@liewensufank.lu
oder per Courrier un:
Initiativ Liewensufank
A l’attention de Mme Carole Reuland
20, rue de Contern
L-5955 Itzig

Am Fall vun enger Astellung, braucht Dir en Extrait aus dem Casier judiciaire 3 a 5.

 

Zurück