Jean Fischbach am Podcast

Désolé, cet article n’est pas disponible dans cette langue

De 15. September huet eis Mataarbechterin Claudia Goudemond am Podcast vun 1000Deeg e ganz interessanten Interview mam Maxi Pesch gefouert. Episode 25 „Fräit Spill: Manner Kontroll bréngt méi Entwécklung“. Eise Merci un d’Maxi Pesch, fir dës flott Aarbecht!

« An dëser Episod vun 1000deeg schwätze mir mam Claudia Goudemond iwwer d’Kraaft vum fräie Spill an den éischten 1000 Deeg. Als Pikler-Pädagogin konzentréiert si sech op dat fräit Entfale vun de Kanner an hirer eegener Zäit an eegener Manéier. Wéi wichteg ass et, de Kanner Fräiheet beim Spill ze loossen? Firwat kéint et besser sinn, manner ze kontrolléieren? Wéi beaflosst d’Bindung tëscht Elteren a Kand hiert Vertrauen an hir Entwécklung? A brauch e Kand wierklech vill Spillsaache fir ze léieren? Dës an aaner Äntwerten kritt dir an dëser spannender Episod.

Op Apple (hier).

Op Spotify (hier).

D’Pikler Coursen ginn et an 3 Deeler:
– emol fir d’Elteren den ElternRaum,
– fir Puppelcher ab 3 Méint (bis 24 M.) den SpielRaum,
– de Bewegung & Spiel fir Kanner vun 2-4 Joer mat hire (Grouss-)Elteren.

 

 

Retour